
09.04.2026
Léif Piloten a Sportsfrënn,
Mat groussem Bedaueren muss de Comité vun der Motor Union Schëffleng eisen MX2026-Motocross deen ursprénglech fir den 20. September 2026 zu Diddeleng (an der fréierer Cloos-Steekaul) geplangt war, ofsoen. Wéinst Ëmstänn, op déi mir keen Afloss hunn, ass et net méiglech d'Evenement op dësem Datum duerchzeféieren.
All Aschreiwungsgebüren, déi scho bezuelt goufen, ginn integral zeréckerstatt! Schéckt eis w.e.g. Är Bankverbindung (RIB), fir datt mir d'Iwwerweisunge sou séier wéi méiglech duerchféiere kënnen.
Mir entschëllegen eis fir d'Onannehmlechkeeten a soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech
Marcel CLEMENT
President, MUS
Liebe Fahrer und Sportfreunde,
mit großem Bedauern muss der Vorstand der Motor Union Schifflange die Absage unseres Motocross-Rennens MX2026 bekannt geben, das am 20.09.2026 in Dudelange (ehemaliger Steinbruch Cloos) stattfinden sollte. Aufgrund eines unvorhergesehenen Ereignisses, auf das wir keinen Einfluss haben, können wir diesen Termin leider nicht einhalten.
Bereits gezahlte Startgebühren werden in voller Höhe erstattet! Bitte senden Sie uns Ihre Bankverbindung (IBAN/BIC), damit wir die Rücküberweisung schnellstmöglich veranlassen können.
Wir bitten um Entschuldigung für die Unannehmlichkeiten und danken Ihnen für Ihr Verständnis.
Marcel CLEMENT
Präsident der MUS
Chers pilotes et amis sportifs,
C'est avec un grand regret que le comité de la Motor Union Schifflange doit vous annoncer l'annulation de notre Motocross MX2026 qui devait avoir lieu le 20.09.2026 à Dudelange (Ancienne carrière Cloos) En raison d'un événement imprévu indépendant de notre volonté, nous ne sommes plus en mesure de maintenir cette date.
Les frais d'inscription déjà payés seront remboursés intégralement ! Prière de nous envoyer votre RIB (Relevé d'identité bancaire) afin de pouvoir faire les virements dans le meilleur délai.
Nous vous présentons nos excuses pour le désagrément et vous remercions de votre compréhension.
Marcel CLEMENT
Président de la MUS


BOXC 2025 BELGIAN OPEN CROSS COUNTRY CHALLENGE D’ENDURANCES Laurent FOELLER 1ère Place - Catégorie SOLO
De Laurent ass wéi ugekënnegt Sonndes de 26. Oktober zu Bèche/Vielsam un den Départ gaangen, a konnt do an der Catégorie Solo déi drëtt Platz erausfueren. Duerch dëst excellent Resultat huet hien, wéi och schonn 2024, an der Catégorie Solo, den BOXC 2025 mat engem Total vun 53 Punkten fir sech entscheed. Mir gratuléieren dem Laurent fir dëse sportlechen Exploit.


E Sonndeg den 19. Oktober 2025 hunn Piloten vun eisem Veräin, de Jeff EICH, de Pierre THILTGEN an de Laurent FOELLER um BOXC -Belgian Open Cross Country- ee Challenge d’Endurances zu Gouvy deelgeholl.
De Veräin gratuléiert senge Piloten fir hir Leeschtungen bei dëser Kompetitioun.
Eise Pilot de Laurent FOELLER ass e Sonndeg eng ganz gutt Course gefuer. No méi ewéi véier Stonnen hat hien sech eng Platz um Podium geséchert. De Laurent huet an der Kategorie Solo déi zweet Platz gemaach.
Wann dir eis Piloten gär ënnerstëtzt, da kommt de nächste Sonndeg, den 26. Oktober 2025 op Beche (Vielsalm) wou déi lescht Course am BOXC vun der Saison 2025 gefuer gëtt.
Artikel vum MX.docx
Verëffentlecht den 09.10.2025
Verëffentlecht den 09.10.2025
EingeschriebeneFahrer(1).pdf
Verëffentlecht den 09.10.2025
Verëffentlecht den 09.10.2025
MX_2025_résultats.pdf
Verëffentlecht den 09.10.2025
Verëffentlecht den 09.10.2025
Nom Motocross den 21.09.2025 zu Diddeleng, mat gaaanz vill Reen a Bulli, heescht et vill Zäit an d'Botze vun de Maschinnen an dem Equipement ze stiechen. Leider huet Wieder net matgespillt, mee do hate mir als Moto-Union Scheffleng net vill impakt drop. Mir hunn awer duergehal bis zum Schluss a versicht dat Bäscht draus ze maachen. Merci un jiddereen eenzelnen, deen gehollef huet, sief dat bei de Preparatiounen virum Sonnden, an awer och dei, dei den Dag selwer dem Bulli getrotzt hun an geschafft hunn, de Piloten an hiren Leit an jiddereen deen de Wee bei eis op de Bierg fonnt huet. Ouni all déi wier et net meiglech de Motocross stattfannen ze loossen!!!


Si hunn Trails am Minett gerockt an duerno gouf de Stage bei leckerer Pasta ausklénge gelooss. En décke Merci un Motor Union Schifflange fir Organiséiere vun desem flotten Dag. Kanner wei Trainer ware begeeschtert.

Motor Union Schëffleng seet Jidderengem villmols Merci, deen bei eis koum.

Och dest Joer goung en Don un MSL

Anne LEURS, Directrice vun Multiple Sclérose Lëtzebuerg huet de Chèque entgéint geholl